Den Dylan Thiry gouf mat senge Mocassinen a Frankräich bekannt. “Koh-Lanta Cambodge” war säin Duerchbroch an dono konnt een hien an anere Realityformater gesinn, wéi “Les princes et les princesses de l’amour” oder “La villa des coeurs brisés 6" an op Netflix huet hien aktuell e Projet. Den Influencer lieft zu Dubai, an op Instagram informéiert hie reegelméisseg seng 1,1 Millioune Fans iwwer sech a säi Liewen. Famill ass him wichteg an dofir huet hie seng Mamm mat engem neien Haus iwwerrascht, vum 10. Januar un engagéiert hie sech sozial zu Madagaskar an de 25. Januar geet et zréck op Dubai - d’ganzt Haus ze rëschten.
De Ludovic Daxhelet alias Ludo, huet sech duerch d’Sendung “Pékin-Express” en Numm gemaach, wou hie mat sengem Brudder déi 8. Staffel gewonnen huet. Kuerz viru sengem 40. Gebuertsdag huet hie seng Geschicht am Buch “On the road again - L’Histoire de ma vie” festgehalen. Hie beschreift wéi eng Televisiounssendung säi Liewen verännert huet an aus dem Camionschauffer aus der Belsch a Lëtzebuerg e beléifte Radio- an Televisiounsanimateur ginn ass, an hie wëll och mat dësem Buch de Message verbannen, dass een alles erreeche kann, wann ee just richteg wëll.
D’Emilie Boland ass d’Miss Luxembourg 2020 an sozialen Engagement ass hir wichteg. Sou setzt si sech zum Beispill an hirer Fräizäit fir d’Cent-Butteker an. No 2 Joer als Stewardess, war de beruffleche Plang en eegne Kleederbuttek an der Stad opzemaachen. Corona huet hir e Stréch duerch d’Rechnung gemaach an elo hëlleft si op der Adem, Leit en neien Job ze fannen. Vum 21. November bis 17. Dezember sollt d’Emilie zu Puerto Rico Lëtzebuerg, ënner 96 Kandidaten, bei der Miss World representéieren, awer och hei gouf d’Show wéinst Corona ofgesot a reportéiert.
All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.