Zanter 1992 gouf d'Gréngt Spill vum Martine Kappler a Pascale Hoven gefouert. D'lescht Joer hunn de Kartik Sati an de Raphael Betti de Stand iwwerholl an eng éischt Fouer zesummen erlieft. Duerno war kloer, datt si d'Gréngt Spill moderniséiere wollten. "Mir wollten am Fong ëmmer eppes zesumme maachen", erkläert de Kartik, deen zanter 12 Joer als Forain schafft, de Raphael huet eng Bar am Pafendall. Wéi dat Gréngt Spill ze verkafe war, hunn déi zwee hir Chance genotzt.
De Stand war an d'Jore komm an ass dowéinst elo komplett nei gebaut ginn. Siwe bis aacht Leit hunn iwwer ronn zéng Méint um Projet geschafft. Entstanen ass eng Konstruktioun aus fënnef Containeren, déi zu Kielen gebaut an duerno um Glacis zesummegesat ginn ass. Fir de Kartik an de Raphael war et wichteg, de Projet zu Lëtzebuerg ëmzesetzen. Esou konnte si de Bau enk begleeden an ëmmer nees Upassunge maachen. "Mir wëllen eng Kontroll hunn, iwwert dat wat mer herno zum Schluss kréien", erkläert de Kartik. Net nëmmen de Look ass nei. D'Gréngt Spill kritt och en anert Musekskonzept, eng Cocktailbar um Daach an et gëtt vir och eppes ze iessen. D'Erfarunge vun der leschter Fouer hunn dobäi gehollef, dat neit Konzept auszeschaffen.
Och beim Design hunn déi zwee vill Zäit investéiert. De Stand soll méi modern an zäitlos wierken, ouni iwwerlueden ze sinn. "Mir wollten et virun allem net esou overdo’en", seet de Raphael. Éischt Entwërf hätten ze vill Elementer gehat, duerno huet een de Look méi schlicht gehalen a just op verschiddene Plaze geziilt Akzenter gesat. Och de Logo vum Grénge Spill gouf iwwerschafft. Mëtt Juli krut de Stand dunn no an no säi fäerdege Look. Véier Leit waren eng gutt Woch domat beschäftegt, déi bedréckte Folien op de Fronten unzebréngen.
De 5. August goufen déi fënnef Containere vu Kielen op de Glacis bruecht. Fir de Raphael e Moment mat enger gewësser Nervositéit: "Ech hu ganz schlecht geschlof", erzielt hien. Beim Zesummesetze war Präzisioun gefrot. Op enger Plaz huet d'Konstruktioun ëm just een oder zwee Millimeter net direkt gepasst. Fir d'Ekipp kee Grond fir ze panikéieren. "Et sinn ëmmer Saachen, déi net direkt beim éischte Coup funktionéieren", sou de Kartik. No bal engem Joer Aarbecht steet dat neit Gréngt Spill elo um Glacis. Fir de Kartik an de Raphael fänkt domat eng nei Etapp un: Op der Fouer wäert sech weisen, wéi den neie Look an dat neit Konzept bei de Visiteuren ukommen.