
Zanter sengem 20. Liewensjoer ass den haut 30 Joer ale Kartik Sati fest an der Kiermes- an Eventzeen zu Lëtzebuerg doheem. Seng Passioun fir d’Selbststännegkeet huet sech awer scho vill méi fréi entwéckelt. Als Kand stoung de Kartik nieft sengen Elteren hannert der Grillbud, déi si kaaft haten, wéi hie grad emol aacht - néng Joer al war. No der Schoul huet hien do ëmmer erëm ausgehollef an ass dobäi séier op de Goût vun der Selbststännegkeet komm. No der Schoul war hien du bereet, “fir ze soen, elo fänken ech u mat engem Karussell”.
Wat et heescht, Independant ze sinn, huet de Kartik virun allem vu sengem Papp geléiert. Awer och bei de Scouten huet hie vill wichteg Erfarunge gesammelt. Besonnesch duerch dat selbstännegt Schaffe war dem Kartik kloer, dass hien “alles, wat ech wollt maachen, och iergendwéi maache konnt”.
De Wee als Forain ass awer alles anescht wéi sécher. D’Ongewëssheet, nëmmen op d’Saison an d’Clienten ugewisen ze sinn, huet de Kartik séier gespuert. Fir eng méi stabil Basis ze hunn, huet hien d’Firma “SatiGoRound” gegrënnt. Seng Iddi: Karusseller a Spiller u Gemengen, Veräiner oder fir Evenementer verlounen – an dat net nëmme fir Kiermessen, mee och fir Hochzäiten oder Privatfester. Haut geet d’Offer vu klassesche Karusseller iwwer Trampoliner bis zu engem klengen Zuch. Et ass eng “Win-Win-Win-Situatioun”, wéi de Kartik se beschreift: Hie kritt e fest ausgemaachte Präis, d’Leit gi mam Spill ugezunn an d’Kanner kënnen de ganzen Dag gratis domat fueren.
Trotz dem Succès vu “SatiGoRound” hat de Kartik awer nach ee groussen Dram: eng eege Bar. Duerch déi saisonal Aarbecht hat hien allerdéngs dacks d’Fräiheet, am Wanter méintlaang ze reesen. Als Proprietär vun enger eegener Bar kéint hien awer “net einfach soen, ‘ech maachen elo dräi Méint am Joer zou’”. Esou ass d’Iddi entstanen, eng mobil Cocktailbar opzemaachen – déi sech perfekt an den Eventberäich integréiert.
Fir d’Alchemist Bar huet de Kartik en typeschen amerikaneschen “Airstream Trailer” kaf, deen zwar virdru schonn als Béierbud ausgebaut war, awer fir eng professionell Cocktailbar nach e groussen Ëmbau gebraucht huet. Vue datt d’Mixe vu Cocktailen de Kartik schonn ëmmer interesséiert huet, hat hien och schonn eng Ausbildung als Barkeeper op der European Bartender School an Thailand hannert sech. Haut kombinéiert hien am Alchemist seng Passioun fir Cocktailer mat senger Léift fir d’Reesen. Mat der Chance iwwer d’Joer laang reesen ze kënnen, huet de Kartik schonn esou munch Solo-Rees hannert sech. Als oppene Mënsch – wat et als Forain definitiv brauch – ass de Kartik awer ni laang eleng. Hie kënnt ëmmer mat de Leit a Kontakt an dat ass och genee, wat hien op senge Reese sicht - aner Länner, aner Kulturen a besonnesch aner Goûten. Esou kënnt et och, datt een am Alchemist net just klassesch Cocktaile kritt. De Kartik experimentéiert gäre mat senge Cocktailen a kann esou ëmmer nees nei Kreatiounen ubidden.
Véier Joer no der Grënnung vum Alchemist huet de Kartik zesumme mat sengem laangjärege Kolleeg Raphaël Betti en neie Schrëtt gewot. Schonn zanter Joren hunn déi zwee sech gesot, “iergendwann eng Kéier, maache mir eppes zesummen”. Wéinst der Angscht, datt ee sech just “nach als Geschäftspartner” gesäit, an “d’Frëndschaft verluer” kéint goen, hunn déi zwee no engem passende Kader gesicht. An och hei kënnt deenen zwee déi saisonal Aarbecht op der Fouer ze gutt: “An do hu mir ebe genau dat Richtegt fonnt, an zwar eppes zesummen op der Fouer, well et jo just dräi Woche sinn.”
Bei der Sich no engem passende Stand sinn déi zwee relativ séier op d’Gréngt Spill gestouss – de perfekte Stand fir déi zwee Barkeeper. Och wann de fréiere Bofferdeng-Stand Traditioun op der Schueberfouer ass, hunn de Kartik an de Raphaël “e Potential gesinn, dat nach net augeschëpft war”. De Kartik wollt zwar nach net ze vill verroden, mä fir d’nächst Joer wier e visuellen Ëmbau geplangt, deen eng ganz nei Atmosphär matbrénge wäert. Wat hie mat engem grousse Laachen um Gesiicht verréit: “Et wäert net méi deen nämmlechte Stand hei stoen, deen dëst Joer nach hei steet.”