Bijoue si schonn ëmmer eng Aart Statussymbol gewiescht. Déi eng ginn net ouni aus dem Haus, fir anerer sinn et schéi Geschenker oder Erënnerungsstécker. Fir d’Famill Buccellati ass et virun allem ee Business, awer och eng Passioun.
Zanter 102 Joer gëtt et des Bijousmark aus Mailand. Ugefaange mam Mario Buccellati deen d’Iddi hat, Bijouen hierzestellen.
E Mëttwoch war den Enkel Luca Buccellati zu Lëtzebuerg op Besuch. Hien kennt vun Zäit zu Zäit heihinner an trëfft Lëtzebuergesch Clienten, och des Kéier.
Mëttlerweil ass et eng Luxusmark an a ville Länner op der Welt vertrueden, zanter dräi Joer och am Grand-Duché. A Lëtzebuerg wär fir si een interessante Marché. Hei géif vill Wäert op Patrimoine, Geschicht an handgemaache Produite geluecht ginn. Dat géif him opfalen, wann hien zu Lëtzebuerg op Besuch ass.
Lëtzebuerg ass iwwregens just eng Statioun vu villen. Och Singapur, Katar an Dubai stinn deemnächst un.