"Apdikt"E Stär fir e Lëtzebuerger Kach: De Mathieu Van Wetteren am Interview

Christophe Hochard
De Mathieu Van Wetteren schafft zënter 21 Joer als Kach. Säin éischte Beruffswonsch war Schräiner.
E Stär fir e Lëtzebuerger Kach: De Mathieu Van Wetteren am Interview
De Mathieu van Wetteren wollt als éischt Schräiner ginn, ma dunn huet hie seng Begeeschterung fir d’Kachen entdeckt

Kuerz drop huet hie seng Begeeschterung fir d’Kichen entdeckt. Wéi e Virus war de Mathieu Van Wetteren vun dësem Beruff du gepackt.

Bis zum Diplom war et awer net ganz esou einfach. An der Hotelschoul zu Dikrech ugefaangen. Do geflunn an dunn zu Namur säi Wee gemaach. An der Belsch schéi kadréiert, war den deemolege Rebell dunn um richtege Wee.

Houfreg ass de Mathieu Van Wetteren op säin éischte Michelin-Stär. An dëse wëll hien elo och net méi hierginn.

Back to Top
CIM LOGO