De Restaurant "Apdikt" zu Stengefort kritt säin éischte Michelin-Stär
Domadder kritt Lëtzebuerg ee Stäre-Restaurant bäi, kee Restaurant am Grand-Duché verléiert e Stär.
E Méindeg gouf op der Zeremonie zu Antwerpen matgedeelt, wéi eng Restauranten dëst Joer ausgezeechent ginn, e Stär kréien oder verléieren.
9 Restauranten hunn dëst Joer fir déi éischte Kéier e Stär kritt, dorënner, als eenzege Lëtzebuerger Restaurant, de Restaurant "Apdikt" zu Stengefort.

Am Grand-Duché bleift et als dobäi, dass den "Eden Rose" zu Keel, "La Distillerie" vu Buerglënster, de "Léa Linster" vu Fréiseng, de "Mosconi" aus der Stad, grad ewéi de "Ryodo" aus der Stad an den "La Villa de Camille et Julien", de "Fani" vu Réiser an de "Guillou Campagne" vu Schuller Ee-Stäre-Restauranten am Grand-Duché bleiwen, "Ma Langue Sourit" behält weider als eenzege Lëtzebuerger Restaurant säin 2. Stär.
En éischte "Grénge Stär", dee Michelin jo zanter 2020 vergëtt, krut de Restaurant "Neon" zu Lier an der Belsch, de Restaurant vum Nils Proost. De Präis selwer gouf vum René Mathieu vun der Distillerie zu Buerglënster verginn, dat jo aktuell de beschte vegetaresche Restaurant weltwäit ass.
Bei der Selektioun vun de Restauranten, déi vir déi éischte Kéier en 2. Stär kruten, sinn et 2 belsch Restauranten, déi ausgezeechent goufen, Lëtzebuerg kritt domadder keen neien Zwee-Stäre-Restaurant dobäi.
Wat d'Auszeechnung vum 3. Stär betrëfft, ass keen neie Restaurant bäikomm, weder an der Belsch, nach zu Lëtzebuerg. De Restaurant Hof van Cleve an der Belsch verléiert säin 3. Stär, sou dass am Moment nëmmen nach 2 Restauranten an der Belsch existéieren, déi 3 Michelin-Stären hunn.
Och beim Bib Gourmand kënnt keen neie Restaurant zu Lëtzebuerg dobäi, am Contraire, 4 Restaurante verléieren de Präis, dee jo un déi Etablissementer mam beschte Präis-Leeschtungsverhältnis geet. Domadder mussen d'Stater Restaurante "Brasserie des Jardins", "La Cantine du Châtelet" a "Kamakura", sou wéi de Restaurant "Bistronome" zu Stroossen hire Bib Gourmand ofginn.