Live! Planet People am ReplayEd Goedert, Fabio De Aguiar, Philipp Fleiter

Patrick Greis
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm de Luxembourg Classic Rallye, d'LGX Gaming Convention a "Verbrechen von nebenan".
Live! Planet People vum 23. September 2022
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm de Luxembourg Classic Rallye, d’LGX Gaming Convention a “Verbrechen von nebenan”.

Den Ed Goedert suergt derfir, dass een den nächste Weekend de Grand-Duché bei engem Rallye mam Oldtimer entdecke kann. Bei der 2. Editioun vum “Luxembourg Classic Rallye” kritt een déi schéinsten Eckelcher a Routen vum Land gewisen. Mat um Depart den Tatortkommissär Richy Müller an déi grouss Arrivée ass samschdes den 1. Oktober virum Palais an der Stad.

Matfueren duerf jidderee mat engem historesche Gefier bis Baujoer 2002. Kopien oder Gefierer mat net zäitgenësseschen Modifikatiounen dierfen net matfueren.

De Fabio De Aguiar mécht dëse Weekend aus der Luxexpo eng grouss Spillwiss mat der LGX Convention. Et ass déi gréissten Fan Convention zu Lëtzebuerg mat 2 Deeg Gaming, Esports-Tournoi, Cosplay, Popkultur, japanescher Kultur, neien Technologien, Expo, Merchandise a Büneshow. An och dëst Joer ginn nees e puer Éieregäscht aus där Welt erwaart, wéi den Arthur Pestel, Bruno Choël an Dorothée Pousséo.

Tickets

http://www.lgx.gg

De Philipp Fleiter wollt “Wetten Dass” moderéieren. Elo gesäit een den Auteur op Sky, wou hien iwwer reell Verbriechen schwätzt. De Radiosjournalist huet sech op dee spannenden Thema spezialiséiert a fënnt, dass een do déi interessantst Geschichte begéint. “Verbrechen von nebenan” heescht awer och säi Buch mat 10 neie Fäll aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz, wou och d’Story vum Dagobert dra virkënnt, dee sech tëscht 1988 an 1994 en Numm als Erpresser gemaach huet. Den 1. Oktober ass de Philipp Fleiter an der Europahalle zu Tréier.

Back to Top
CIM LOGO