All Joer war d'Deko um Graf fortEeler Fra vu Gelsenkirchen sicht mat GPS-Tracker no geklauten Ouschterhuesen

RTL Lëtzebuerg
All Joer krut eng Fra vu 65 Joer hir Deko vum Graf vun hirem verstuerwene Mann zu Gelsenkirchen geklaut. Domat sollt elo ee fir allemol Schluss sinn.
© RTL Archivbild

Mat Hëllef vun engem GPS-Tracker huet déi eeler Fra déi geklauten Ouschterhuese vum Graf vun hirem Mann zeréckverfollegt. Wéi déi lokal Police matdeelt, wier et net déi éischte Kéier gewiescht, dass d’Fra Deko vum Graf geklaut krut.

Dëst Joer sollt sech dat net nach emol widderhuelen. D’Fra hat dowéinst extra en Trackingapparat an ee vun den Huese gestach, ier si en op d’Graf vun hirem Mann gestallt huet.

Wéi d’Fra dunn e Sonndeg am Nomëtteg festgestallt huet, dass d’Deko alt nees fort war, huet si de Sichapparat lancéiert. Mat Succès. Zesumme mat der informéierter Police a mat Hëllef vun enger App konnt d’Wittfra déi geklauten Huesen uerten an dat guer net esou wäit vum Kierfecht ewech. Um Grondstéck vun engem 72 Joer alen Hobbygäertner hunn d’Polizisten den Hues mam GPS entdeckt an der Proprietärin hir Deko nees zeréckginn. Déi huet eng Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO