
Dem Guiness-Buch vun de Rekorder an der Internationaler Datebank fir Laangliewegkeet (IDL) huet d’Tanaka schonn zanter 2019 de Rekord gehat. Presuméiert Nofollgerin ass eng franséisch Nonn.
D’Kane Tanaka koum den 2. Januar 1903 an der südwestjapanescher Präfektur Fukuoka op d’Welt, am selwechte Joer, an deem d’Wight-Bridder hiren éischte Fluch mat engem motoriséierte Fliger absolvéiert hunn an d’Marie Curie als éischt Fra den Nobelpräis gewonnen hat. Wéi si méi jonk war, hat si e puer Butteker. Bestuet hat si sech 1922, krut véier Kanner an hat ee fënneft adoptéiert.
Spéider huet d’Kane Tanaka an engem Altersheem zu Fukuoka gelieft. 2021 wollt si mat hirem Rollstull um Fakellaf am Kader vun den Olympesche Spiller zu Tokio matmaachen, huet wéinst der Pandemie awer mussen drop verzichten.
Déi presuméiert Nofollgerin ass 13 Méint méi jonk wéi d’Tanaka. Déi franséisch Uerdensschwëster André, mat biergerlechem Numm Lucile Randon, huet den 11. Februar an hirem Altersheem am südfranséischen Toulon hiren 118. Gebuertsdag. Virun engem Joer, kuerz virun hirem 117. Gebuertsdag, huet si nach ouni Problem eng Corona-Infektioun iwwerstanen.