
D’Kane Tanaka lieft zu Fukuoka am Südweste vu Japan. Am Mäerz 2019 huet d’Guinnes-Buch vun de Rekorder d’Fra als eelste Persoun vun der Welt ernannt, wéi si 116 Joer al ginn ass. Am September 2020 huet si mat 117 Joer an 261 Deeg en neie japanesche Rekord gebrach.
D’Kane Tanaka ass 1903 op d’Welt komm an huet bis ewell 5 japanesch Keeserräicher erlieft. Si huet sech als Zil gesat fir 120 Joer al ze ginn, sou de “Guardian”.
D’Jeanne Calment aus Frankräich, gëllt offiziell als déi eelste Persoun op der Welt, dat mat 122 Joer. Si ass allerdéngs schonn de 4. August 1997 zu Arles a Frankräich gestuerwen.
De Mbah Gotho aus Indonesien soll den nationalen Autoritéiten no 146 Joer al gi sinn an ass 2017 gestuerwen. Hie soll 1870 gebuer gi sinn, allerdéngs konnt et ni offiziell confirméiert ginn an d’Guinness-Buch huet dohier den Altersrekord ni unerkannt.