18 Hektar perfekt geméinte Wues, symmetresch ugeluechte Blummebeeter, eng grouss Zär mat eegenem Geméis a Kraider an nach villes méi. Et ass en impressionant Bild, wat sech hannert de Mauere vum Park vum Schlass Bierg verstoppt.
E Gaart, an deem vill Aarbecht stécht. Eng Ekipp vu ronn 15 Gäertner këmmert sech ëm alles, wat mat Gaart, Planzen a Blummen ze dinn huet. An eis Journalistin Vidosava Kuzmic konnt sech een Dag laang an hirem Beruff probéieren. Sief dat fir Blummenarrangementer zesummenzestellen, de Blummegaart ze fleegen oder ze méien.