King Charles III.Éischt Mënze mam Charles-Portrait si prett

RTL Lëtzebuerg
Genee 3 Méint nom Amtsuntrëtt vum King Charles III. kommen déi éischt Mënze mat sengem Portrait an den Ëmlaf. D'Schäiner sollen nach nokommen.
© Royal Mint/AFP/File/TOM HARRISON

D’Profil vum 74 Joer ale Monarch ass deemno vun elo un op 50-Cent-Stécker ze fannen, vun deenen der elo mol 4,9 Milliounen an den Ëmlaf kommen. Dat geschitt a knapp 9.500 Postfilialen, wou een d’Mënz ka wiesselen. Am Ganze solle ronn 9,6 Millioune vun de 50-Cent-Mënz mam Charles-Portrait erauskommen.

Den Charles ass zanter dem 6. September neie Kinnek a Groussbritannien.

Back to Top
CIM LOGO