
E franséischt Auktiounshaus huet en Dënschdeg eng digital Reproduktioun vum Text fir 107.000 Euro versteet.
De Keefer, deem seng Identitéit net bekannt ass, wier e Kanadier, deen am Technologiesecteur schafft. Hien ass lo Proprietär vun enger eenzegaarteger Reproduktioun vun där éischter SMS a Form vun engem Non-Fungible Token (NFT).
D’SMS war eng 15 Zeeche laang Noriicht, déi un de Vodafone-Mataarbechter Richard Jarvis geschéckt an him domat e “Schéine Chrëschtdag” gewënscht gouf.
Vodafone huet ugekënnegt, den Erléis un d’UN-Flüchtlingswierk ze spenden.