
Den 30 Joer ale Mann ass elo den éischte Rollstullfuerer, deen uechtert d’Welt gereest ass an op all Kontinent op d’mannst eng Kéier war. De Cory Lee konnt nach virun der Corona-Pandemie säin Zil erreechen an de leschte Kontinent op senger Lëscht mat senger Mamm besichen: D’Antarktis.
Fir de jonke Mann war et ee Liewenszil, fir Vakanz op all Kontinent ze maachen. Mat 30 Joer hätt hien dat elo endlech erreecht an dat, obwuel et net grad einfach ass, mam Rollstull ze reesen. De Cory Lee, deen u Spinale Muskelatrophie leit, brauch nämlech vill méi Zäit fir eng Rees virzebereeden, wéi aner Leit, déi sech fräi beweege kënnen. Hie misst op d’Sich no behënnertegerechten Hoteller an Transportméiglechkeete goen.
An engem Blog deelt hie seng Informatiounen an Tipps mat anere Leit am Rollstull, fir si ze motivéieren, d’Welt dobaussen z’entdecken.
Mëttlerweil war de Cory Lee a 37 Länner weltwäit. Säin Highlight? Marokko! Säin neit Zil ass et, déi 62 US-Nationalparken ze besichen. 3 huet e schonn hannert sech. De Cory Lee wëll och onbedéngt erëm an Däitschland. Dat, fir d’Oktoberfest z’erliewen an do deen een oder anere Béier ze drénken.