
Et sinn “Non-Fungible Token” (NFT), also net-materiell digital Eegentumsrechter, duerch déi mer an eng nei digital Dimensioun kommen. An eent schonn emol direkt: den digitale Parfum, deen LOOK LABS erausbruecht hunn, kann een NET richen. Mä et ass deen éischten digitale Geroch vun der Welt. D’Entwéckler hunn de Pak, d’Fläsch an de Geroch vum Parfum agescannt, mat Hëllef vun der sougenannter “No-Infrarout-Spektroskopie”. An déi molekular Wellelängte vum “Cyber Eau de Parfum” hu sech als NFT fir 18.000 Dollar verkaaft.
Et heescht, d’Laboratoiren, déi den Doft entwéckelt hunn, wiere vu Science-Fiction-Filmer inspiréiert gewiescht. Duerch kënschtlech Intelligenz a wëssenschaftlech Innovatiounen. Dat Digitaalt soll mam Physesche verbonne ginn: Den Hiersteller huet och eng reell Versioun entwéckelt mat verwäertbaren a nohaltege Materialien, den Doft gouf mat engem Meeschterparfumeur vu Grasse entwéckelt. Et ginn awer just 888 Stéck.