Show-BusinessEllen DeGeneres trennt sech vun 3 vu senge Produzenten

RTL Lëtzebuerg
Am Juli hate sech eng Rëtsch Mataarbechter un d'Ëffentlechkeet geriicht: Hannert de Kulisse géing eng toxesch Ambiance herrschen.
© AFP

Et gouf ënnert anerem iwwert Mobbing, Rassismus a souguer sexuell Belästegung hannert de Kulisse vun der populärer “Ellen DeGeneres Show” geschwat.

Elo rulle schonn déi éischt Käpp. D’Show, déi vu Warner Bros produzéiert gëtt, huet elo ugekënnegt, dass 3 vun den Haaptproduzenten entlooss goufen. D’Produktioun hätt sech vum Ed Glavin, Kevin Leman an vum Jonathan Norman getrennt, sou an engem Communiqué.

D’Ellen DeGeneres selwer huet eng Versammlung mat iwwert 200 Mataarbechter op der App “Zoom” gehalen, wou si sech wärend enger emotionaler Ried entschëllegt huet. An hirem Effort, fir d’Show esou gutt op d’Rei ze kréie wéi méiglech, hätt si dacks net sensibel genuch op hir Mataarbechter reagéiert. D’Berichter vun engem toxeschen Environnement op der Aarbechtsplaz hätten hir d’Häerz gebrach.

Back to Top
CIM LOGO