Scho viru ronn 20 Joer gouf et e Monopoly, dee komplett op Lëtzebuergesch war. Elo huet eng Lëtzebuerger Librairie zesumme mat enger Entreprise fir Gesellschaftsspiller eng nei Editioun erausbruecht.
Am Plaz vun der Schlossallee, kann een elo de Palais grand-ducal kafen. D’Gare goufe ersat duerch Bus an Tram. Awer och soss ass dës Editioun net wéi all aner.
Op Grond vun der Multikulturalitéit vu Lëtzebuerg huet ee sech dofir entscheet d’Spillfeld an och d’Kaarten dorun unzepassen. Sou ass d’Spillfeld op Franséisch an Englesch. D’Kaarten ginn et dann souguer och op Lëtzebuergesch.
De Prinzip vum Spill bleift awer dee selwechten. Et geet drëms Stroossen ze kafen, Haiser ze bauen an de Matspiller Loyer ofzeknäppen.
Déi nei Lëtzebuerger Editioun kënnt bei de Leit gutt un. D’Spill war beim Distributeur bannen 8 Deeg komplett ausverkaf, obwuel 6.000 Exemplaire produzéiert goufen.
Um Samschdeg krut een exklusiv nach e puer Spiller an der Librairie ze kafen, dat speziell fir d’Ouverture vun hirem neie Buttek.

Soss gëtt et den neie Lëtzebuerger Monopoly just nach vereenzelt bei e puer Revendeuren.
Dëse Succès hat d’Libraire sech net erwaart. De Paul Ernster vun der Libraire huet awer elo scho verséchert, dass am Abrëll 2022 nach eng kéier 6.000 Exemplairen op de Marché kommen.