Live! Planet PeopleEmil Kusmirek, Ritchie Rischard a Melody Funck

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People e Freideg goung et ëm Danz, d'Spatzebridder vum Sender an d'Dreem vun enger Influencerin.
Live! Planet People vum 8. Abrëll 2022
Am Live! Planet People e Freideg goung et ëm Danz, d’Spatzebridder vum Sender an d’Dreem vun enger Influencerin.

Den Dänzer Emil KUSMIREK ass dat bescht Beispill, dass een an Däitschland “Supertalent” net gewanne muss, fir Succès am Liewen ze hunn. Hien hat et 2012 bis an d’Finale gepackt an 2015 gouf den Emil perséinlech vum Dieter Bohlen als Showact invitéiert, dee fonnt huet, dass hien “de beschten Dänzer wier, deen hien bis elo gesinn hätt”. Haut huet den Emil eegen Danzstudioen an eng Dance Agency. Den Emil huet d’Lochis gecoacht a war den offizielle Choreograph vun “The Dome”, hie schafft fir d’Fashion Weekend a seng Autobiographie huet och traureg Kapitelen.

Dem Ritchie RISCHARD säin Häerz schléit fir d’Musek an dat konnt een och 2008 am Buch “Rock history” erausliesen, dat hie mam André Depienne erausbruecht huet. De Museksredakter huet awer och Spaass um Theater an als Synchronspriecher an hie gräift ëmmer nees no der Fieder, fir seng Gedanken mat de Lieser ze deelen. No der Trilogie iwwer den Cäsar, engem Ausfluch an Diddelenger Geschicht mat 2 Bänn iwwer “Little Italy” huet hien elo e Buch iwwer d’Spatzebridder vum Sender geschriwwen. “Pit & Knutschie” heescht et mat Illustratiounen vum Michèle Schons.

D’Melody FUNCK hat déi grouss Chance, als Influencerin op Paräis invitéiert ze ginn fir Presentatioun vun der neier Saison vun Bridgerton. 650.000 Follower op Instagram waren den Entréesticket. En Dram ass Realitéit ginn, well als Teenager wollt d’Melody e Member vun der High Society ginn, an deen huet sech elo fir 8 Stonnen realiséiert, wou si an engem Palast am lange Rack nieft de Champs-Êlysées an engem super Blummendekor derbäi war. Et war deen zweeten groussen Highlight fir dëst Joer well am Februar war d’Melody schonn bei der Fashion Week zu Milano.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO