Brout, Kéis a BéierEn Abléck an d'Welt vu Sommelieren

Christian Schmit
De Christian Schmit huet verschidde Sommeliere kennegeléiert an een Abléck an hir Aarbechtswelt kritt.

Wann een de Begrëff Sommeliere héiert, dann denkt een dacks u Wäin, mee et ginn och nach anerer. Beispillsweis dee vum Béier. De Sebastian Priller-Riegele ass Béier-Sommelier a kënnt aus enger vun den eelsten däitsche Brauereien.

En Abléck an d’Welt vum Béier-Sommelier / Rep. C. Schmit

Dir sëtzt vläicht grad beim Kaffisdësch oder et ass drop an drun? Bestëmmt ass och eng Schmier dobäi. Ma Brout ass net gläich Brout. De Jörg Schmid, dee schonn emol den Titel vum beschte Bäcker aus Däitschland fir sech entscheede konnt, ass Brout-Sommelier.

En Abléck an d’Welt vum Brout-Sommelier / Rep. C. Schmit

An da gëtt et och nach de Kéis-Sommelier. Do ass et eng Sommelière aus der Schwäiz, déi dem Christian Schmit bei senger Renconter Riet an Äntwert stoung.

Een Abléck an d’Welt vum Kéis-Sommelier / Rep. C. Schmit

Back to Top
CIM LOGO