Wie mat enger Behënnerung liewe muss, huet dacks den Dram, fir nees onofhängeg an autonom ze funktionéieren, ouni op een aneren ugewisen ze sinn. Wann een dann un d’Mobilitéit denkt, ass et heiansdo guer net esou einfach fir déi Betraffen. Fir d’Melanie, déi mat 9 Joer an en Autosaccident verwéckelt war an elo op e Rollstull ugewisen ass, goung en Dram an Erfëllung. En Auto, dee speziell fir si ëmgebaut gouf.
Ouni Transformatioune war dem Melanie säin Auto schonn deier genuch a fir et selwer ze finanzéieren net méiglech a genee fir esou Fäll setzt d’Presidentin vun der Fondatioun, d’Viviane Vermeer, sech an.
Selbstänneg vun A op B fueren, ob privat oder fir de Beruff, fir vill Leit mat enger Behënnerung prioritär.
A genee dat kann d’Melanie elo och an dat ass och ganz wichteg fir si, well si mat der Schoul elo fäerdeg ass a schaffe goe wëll. D’Fondatioun Wonschstär huet dem Melanie säin Dram erfëllt, mat vill Gedold an der grousser Hëllef vun den Donateuren an der Fondatioun huet si elo dat erreecht, vun deem si schonn éiweg gedreemt huet.