Bloe SupermoundEn Donneschdeg kënnt de Mound ganz no un d'Äerd

RTL Lëtzebuerg
Wien eng besonnesch flott Foto vum Nuetshimmel maache wëll, sollt sech den 31. August am Kalenner markéieren.
© pexels.com

En Donneschdeg de Moien um 3.35 Auer ass nämlech den zweete Vollmound, zu deem et dësen August kënnt. Wann et 2 Vollmounde wärend dem nämmlechte Mount ginn, gëtt deen Zweeten als bloe Mound bezeechent.

Ma domat net genuch, de Vollmound vum 31. August, kënnt nämlech och besonnesch no un d’Äerd. Dat féiert dozou, dass de Mound eis ronn 17 Prozent méi grouss an 30 Prozent méi hell erschéngt, wéi wann en am Wäitste vun der Äerd fort ass. Deemno dierft en Donneschdeg sech ubidden, fir eng Partie besonnesch schéi Fotoe vum Nuetshimmel ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO