Si hunn et all Joers net wäit, déi Doudeg, fir bei de Kevin eriwwer ze trëppelen, dat wär villäicht eng Erklärung, firwat et der esou vill sinn. De Kevin ass zanter Joren e groussen Halloween Fan, virun allem, wat d’Dekoratioun doheem ugeet.
Als geléierte Schräiner schafft hien am APEMH zu Betten un der Mess, eng Associatioun, déi Leit mat enger intellektueller Behënnerung am Liewen ënnert d’Äerm gräift. Säi Beruff erkläert och, firwat de Kevin villes selwer gebastelt a gebaut huet. An awer ass et zäitopwänneg, fir alles opzeriichten. 8 Stonnen huet et am Ganze gedauert.
Net nëmme baussen, mä och banne fënnt een Halloween-Dekoratioun. Am Haus sinn et awer si méi déi elektronesch beweegte Figuren. Esouguer eng Dampmaschinn an déi richteg Beliichtung suerge fir pueren Halloween-Feeling. Ëmmer nees bleiwe Leit mam Auto stoen, fir eng Foto ze maachen. “Also muss et hinne gefalen”, esou de Kevin.