Egal ob doheem oder dobaussenEn neien (alen) Trend a Corona-Zäiten: Joggingsboxen

RTL Lëtzebuerg
Et ass e Kleedungsstéck, dat wärend der Pandemie nees extrem beléift ginn ass. Besonnesch am Homeoffice ass d'Joggingsbox net méi ewechzedenken.

Et gëtt se an alle Faarwen a Formen, mat méi déckem Stoff elo fir de Wanter oder och als summerleche Modell. Fir d’Joggingsboxen ass de Moment Héichkonjunktur. War se virun der Pandemie e gemittlechen Accessoire fir doheem um Kannapee, huet se sech elo och fir den alldeegleche Gebrauch duerchgesat.

Souguer renomméiert Marke sprangen op den Zuch op. Zum Beispill bei Tommy Hilfinger, och wann et den Trend vu casual, zu liicht bequem a labberer Moud scho méi laang gëtt, sou de Comitéschef Martijn Hagman. Dës “Casualiséierung” wier besonnesch an der Corona-Kris immens an d’Luucht gaangen. Net verwonnerlech, dass een och bei Sportsmarke wéi Adidas eng héich Nofro op Leggings, Sweatshirten an eben och Joggingsboxe bemierkt huet.

Fir vill Leit dierft “waist-up dressing” spéitstens zanter dem éischte Lockdown e gängege Begrëff sinn. An anere Wierder: uewen uerdentlech mat Blus an Hiem, ënnert der Taille dierf et dann awer d’Joggingsbox sinn.

Erfonnt gouf déi gemittlech Box iwwregens a Frankräich, vum Emile Camuset. Hien hat e Buttek fir Trikotage an der Champagne an huet viru ronn 100 Joer d’Firma “Le Coq Sportif” gegrënnt. De Camuset huet nei Kleedungsstécker entwéckelt, virun allem awer Gezei fir Häre mat vill Been- a Beweegungsfräiheet beim Sport.

Do kënnt engem um Enn awer nach de Sproch vum Karl Lagerfeld an de Sënn: “Wien eng Joggingsbox unhuet, huet d’Kontroll iwwert säi Liewe verluer.” Ma dat war viru Corona an Teletravail...

Back to Top
CIM LOGO