Lëtzebuerger ÄppelEn Uebst mat enger laanger Geschicht

RTL Lëtzebuerg
Eleng zu Lëtzebuerg gëtt et e puer honnert verschidden Äppelzorten.
Mount vum Bongert
Allgemeng zu Lëtzebuerg gëtt et e puer honnert verschidden Äppelzorten.

Bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert gouf et hei am Land och praktesch just déi vun heiheem ze kafen. Äppel aus lokale Bongerten.

Äppel sinn awer méi wéi just en Uebst, dat een iesse kann. Se hunn och eng kulturell an ökologesch Bedeitung.

Genee dat wollten se am Natur- a Geopark Mëllerdall mat hirem Mount vum Bongert de Leit vermëttelen. Mat do souguer enger Zort Drive-In fir Äppelzorten.

Den Apel-Expert op der Plaz konnt do dann och soen, wéi een Apel vun de vill verschiddenen Zorten ee gepléckt huet.

Back to Top
CIM LOGO