Hierschtwieder wärend de SummerméintEng Erausfuerderung fir Campingen a Baussenaktivitéiten

Christophe Hochard
Reen trotz Sonn, Wand am Plaz vu waarmen Temperaturen. De Summer léit aktuell am Wanterschlof.
Hierschtwieder wärend de Summerméint
Dat schlecht Wierder stellt d’Campingen an d’Baussenaktivitéiten zu Lëtzebuerg virun eng Partie Erausfuerderungen.

D’Schwämm um Camping zu Beefort ass den Ament eidel. Trotzdeem ass een net onzefridde mat der Saison. Déi dauert nach zwou Wochen, also bis Mëtt August. De Camping ass gutt besicht och wann d’Touriste munchmol decidéieren, hir Zelter éischter ofzerappen.

Zanter dëser Woch huet de “Fun Park” zu Käerjeng nees fir 2 Wochen op. Hei kënnen d’Kanner sech am Nomëtte gratis ameséieren. War et d’lescht Joer mat Momenter ze waarm, sou géif ee sech elo op e puer Grad méi freeën.

Wéi eng Erausfuerderungen dat schlecht Wieder soss nach fir d’Campingen a Baussenaktivitéite mat sech bréngt, gitt Dir am Reportage gewuer.

Back to Top
CIM LOGO