Euro MillionsEng Persoun wënnt iwwer 44 Milliounen Euro

RTL Lëtzebuerg
D'Gewënnzuele vun der Euro-Millions-Zéiung vum 1. Januar 2021 sinn: 16 / 28 / 32 / 44 / 48 mat de Stären 1 an 9.

Op Neijoerschdag gouf den Jackpot am Euro Millions geknackt. Eng Persoun hat déi fënnef Zuelen an déi zwee Stäre richteg a konnt sech esou 44.958.140,00 Euro sécheren.

Aacht Persounen hate fënnef Zuelen an ee Stär richteg. Fir si gouf et ëmmerhin nach 109.750,60 Euro.

Fir d’Zéiung vum 5. Januar si viraussiichtlech 17 Milliounen Euro am Jackpot.

Kontrolléiert hei Är Zuelen!

Back to Top
CIM LOGO