
Normalerweis kommen Honnerte vun Touristen d’Pinguinen am Naturschutzgebitt op Philip Island, 2 Stonne südlech vu Melbourne, mam Auto besichen, mä wéinst der Corona-Pandemie ass de Park momentan zou. Dofir zielt de Park op Online-Zuschauer an ass op d’Iddi komm, de Livestream “Live Penguin TV” op Facebook an op Youtube op d’Been ze stellen.
En Dënschdeg war dunn déi grouss Premiere vum Stream an et hunn och direkt 800.000 Leit sech connectéiert, fir nozekucken, wéi d’Zwergpinguinen zesummen an d’Waasser spille ginn an duerno erëm zesumme bei hiren Näschter zeréck watschelen.
De Livestream géing Honnerte vu Leit ee Laachen an d’Gesiicht zauberen an et wier eppes Extraes, zemools an dësen Zäiten, sou d’Catherine Basterfield vum Philip Island Nature Park.
De Park plangt och, de Livestream online ze loossen, och no der Corona-Pandemie, well jo och schliisslech net jidderee kéint bis op Philip Island fueren.