Ugangs Mee goufe bei der Fondatioun Kräizbierg zu Diddeleng nei kleng Tase presentéiert. “Möbino” ass vun hirer Form hir ganz änlech wéi déi vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung. Béid si signéiert vu metaform architects. An déi bleiwen hirer Linn trei, verschlongen a spiralfërmeg wéi d’Möbius Band.
Dëst ass déi éischt Zesummenaarbecht tëscht dem Architekte Büro an den Ateliers Kräizbierg, wou Mataarbechter mat ënnerschiddleche Aschränkungen hiren Know How konnten ënner Beweis stellen. Leschten Dezember goufen et déi éischt Kontakter, am Mee gouf de Produit presentéiert, ma bis dohi gouf villes ausprobéieren, éiert deen éischte Espresso aus enger Möbino-Taass konnt gedronk ginn. Fir déi ronn 10 Mataarbechter vum Keramik Atelier ass dëse wéi och all aner Optrag, deen hinnen uvertraut gëtt, e flotten Challenge. Esou Collaboratioune kéinten et der nawell nach méi ginn. Dobäi gëtt et dësen Atelier schonn 30 Joer, eng Expertis, déi och beandrockend fir de Shahram Agaajani vu metaform architects war.
Den Erléis vum Verkaf geet integral un d’Fondatioun Kräizbierg. Collaboratioune wéi dës si wichteg fir de gesellschaftlechen Debat, sou de Vito Savino, Direkter vun der Fondatioun an den Ateliers Kräizbierg. Et wier wichteg, dat et an Zukunft üblech gëtt, an deemno och aner Firmen op dëse Wee ginn, a Virdeeler vun enger inklusiv Zesummenaarbecht erkennen an ëmsetzen.
Den nächste Projet tëscht dem Atelier an dem Architektebüro ass dann och scho geplangt. Dann kritt d’Möbino Taass och de passenden Teller.