An eiser neier Serie geet et awer genau dorëms: Mir testen eng Woch laang, ouni een Objet auszekommen, ouni deen Dir Iech Ären Alldag nëmme schwéier virstelle kënnt.
Fir den éischten Episod huet eist Versuchskanéngchen, aka d’RTL-Journalistin Valeria Wiwinius, probéiert, eng Woch ouni Handy auszekommen a gekuckt, wéi een Effekt den Handy u sech op eist deeglecht Liewen huet an de Pro an de Kontra vum héijen Handykonsum ënnert d’Lupp geholl.