
Wärend enger Routine-Kontroll ass d’Police e Mëttwoch op de Mann opmierksam ginn, deen 1938 an der Géigend vun Nottingham op d’Welt komm ass. Eegenen Informatiounen no wier hien iwwer 70 Joer Auto gefuer - ouni Fürerschäin. An dat zanter sengem 12. Gebuertsdag, ouni datt et der Police opgefall wier, sou de Chauffer.
Zum Gléck hätt hien ni en Accident verursaacht oder eng Persoun blesséiert, sou e Porte-parole vun der Police. D’Reaktioune vum Automobilist wieren nämlech schlecht, hie kéint net méi gutt stoen an donieft géing hien och net méi gutt héieren, sou d’Beamten.
Mat der moderner Technologie ass hautdesdaags d’Chance vill méi grouss, beim Fueren ouni Fürerschäin erwëscht ze ginn, well ëmmer méi Kamerae Placken automatesch liese kënnen. Dowéinst den Appell vun der brittescher Police, sech net ouni Permis hannert d’Steier ze setzen.