Zänn wärend Vakanz verluerEnglänner kritt säi Gebëss no 11 Joer zeréck

RTL Lëtzebuerg
E Grond ze laachen hat e Mann aus Groussbritannien. Laang Zäit war säi Gebëss verschwonnen, no ville Jore louch et op eemol a senger Bréifboîte.
© AFP/Archiv/DAMIEN MEYER

De Paul Bishop hat seng falsch Zänn nämlech wärend enger Vakanz am Oste vu Spuenien verluer. 2011 hat hie se erausgeholl, wéi him vum Alkohol schlecht gouf. Doropshin huet hie sech missen iwwerginn. Um Wee zeréck an de Café hunn de Britt an e Kolleeg misse feststellen, datt a sengem Mond eppes feele géing, nämlech säi Gebëss! Zeréck op der “Onglécksplaz” hu si laang no den Zänn gesicht, allerdéngs ouni Erfolleg.

11 Joer méi spéit huet de mëttlerweil 63 Joer ale Mann eppes a senger Bréifkëscht fonnt, vun deem hien dovunner ausgaangen ass, ni méi am Liewen zeréck ze gesinn. Nodeems säi Gebëss op engem Tipp a Spuenien entdeckt gouf an d’Autoritéite seng DNA drop feststelle konnten, gouf seng Adress ermëttelt an d’falsch Zänn via Post verschéckt. Glécklech doriwwer, säin aalt Gebëss nees zeréck ze hunn, huet de Paul Bishop mat den neien an alen Zänn virun der Kamera poséiert. Eng Geschicht, déi hie wuel net méi sou séier vergiesse wäert.

Back to Top
CIM LOGO