
D’Frënn vun der Gastronomie dierfte sech de Rendez-vous rout am Kalenner markéieren. Zanter en Dënschdeg ass den Datum vun der nächster “Expogast” offiziell.
D’Gastro-Ausstellung an de groussen internationale Kach-Concours ass op fënnef Deeg ugesat a fänkt Freides, de 26. November un.
Erwaart gi sech am Kader vun der 14. Editioun vun der “Expogast” bis zu 50.000 Visiteuren an den Hale vun der LuxExpo. D’Expo gëtt nëmmen all véier Joer organiséiert.
D’"Expogast” ass ëmmer nees eng logistesch Erausfuerderung un d’international Käch an hir Ekippen. Iwwer fënnef Deeg ginn eng 20.000 Platen zoubereet - erwaart ginn sech e puer Dose Kach-National-Ekippen, déi och an engem Concours géinteneen untrieden.