Vakanz heiheem Deel 3Ënnerwee am “wëlle” Westen

RTL Lëtzebuerg
D’Guttland ass net nëmmen e Paradäis fir d’Frënn vun der Natur, mä och fir den “Dall vun de 7 Schlässer”.

D’Schlässer sinn déi vu Miersch, Schëndels, Huelmes an déi 4 al an nei Schlässer vun Aansebuerg a Simmer. Den Numm “Guttland” bezitt sech op dee gudde Buedem, vun deem d’Baueren an der Regioun profitéieren. Och d’Péckvillercher sinn hei doheem, op der Eemaischen an der Stad an och zu Nouspelt. E Schlass fir ze lounen: gitt Kinnek oder Kinnigin fir een Dag!

D’Schlass vun Aansebuerg gehéiert enger reliéiser Organisatioun aus Japan. Besonnesch de Schlassgaart, deen ëm 1750 ugeluecht gouf, ass e Besuch wäert. Dekorativ Elementer wéi Statuen, Trapen a Sprangbuere maachen de Charme vun dësem Gaart aus, deen iwweregens fir de grousse Public op ass.

© Visit Luxembourg

“Hogwarts” am Weste vu Lëtzebuerg?

An de fréie 70er Jore gouf et am Schlass e Studieprogramm fir Studente vun 3 private kathouleschen Universitéiten aus den USA. D’Studente konnten am Schlass logéieren a Couren an de beräicher Literatur, Konschtgeschicht, Musek-Pedagogie a Friemsprooche beleeën.

© Jonathan Godin / LFT

Wärend de “European heritage days” de 26. a 27. September kann een ausnamsweis och d’Schlass selwer vu banne gesinn. A wéi den Titel et scho seet, et kann een d’Schlass och fir privat Evenementer lounen.

  • 7 op ee Streech: all d’Schlässer an engem Dag!

Wann Dir en Tour duerch den Dall vun de 7 Schlässer maacht, kënnt Dir näischt verpassen! Mä opgepasst...duerno wëllt Dir guer net méi heemgoen...

  • Hei spukt et! Geeschtertour an der Biekerecher Millen
© D´Millen

Déi al Biekerecher Millen gouf komplett restauréiert. An de Gebaier sinn elo eng Seeërei, e Musée fir Artisanat, eng Konschtgalerie an e Restaurant ze fannen.

Et ginn och reegelméisseg speziell Evenementer ugebueden, wéi zum Beispill e Geeschtertour oder Nuetswanderungen. (Op dem Geeschtertour gitt Dir méi gewuer iwwert d’Geschicht vun der Millen zënter dem 14. Joerhonnert, Dir schläicht duerch de Bësch op de Spuere vun de Schmuggler an Dir kënnt an déi “verluere Kapell” am Biekerecher Bësch eraluussen. An zu gudder Lescht genéisst Dir e Schmuggler-Banquet an de Ställ vun der Millen.)

  • Alpaca-Trekking am Schweecherdall!
© Alpakatrekking

Galloway-Ranner, Zwerch-Geessen an Alpakae sinn op dësem Bauerenhaff zu Huewel doheem. Dir kënnt un enger Hellewull vun Aktivitéiten deelhuelen, d’Déiere fidderen, d’Ställ ausmëschten oder op en Trekking-Tour mam “Wonder”, “Eldorado” oder “Charlie Brown” goen. Dat sinn 3 vun hire 7 Alpakaen.

Wann Dir just fir eng oder 2 Stonne wëllt laanschtkommen, kann dat ganz kuerzfristeg arrangéiert ginn. Wann Dir en Trekking-Tour plangt oder mat enger gréisserer Grupp wëllt dohinner kommen, da mellt Iech am beschte virdrun un.

  • Matzen am Bësch, uewen um Bam. Klotercoursë fir (bal) all Alter!
© Steinfort Adventure

No engem klengen Initiatiounsparcours geet et lass: Steinfort Adventure proposéiert 10 verschidde Parcourse fir verschidden Niveauen a fir all Alter vu 4 Joer un. Wichteg: Dir musst am viraus reservéieren!

Gratis parke kënnt Dir beim Kulturzenter “Al Schmelz”. Vun do aus sinn et just nach Minutten zu Fouss.

  • Wanderen ënnert dem Buedem an iwwert dem Buedem!

D’Circuits auto-pédestres si Ronnweeër, et ginn der iwwerall uechter d’Land. 201 sinn et der am Ganzen, méi wéi 50 dovun an der Regioun Guttland. Dozou gëtt et och e Guide, an deem se alleguer beschriwwe sinn, dee kritt een an all guddem Bicherbuttek ze kafen. D’Circuite si mat engem bloen Dräieck op engem wäissen Hannergrond gezeechent.
All dës Informatioune kënnt Dir Iech och op www.visitluxembourg.com oder tourisme.geoportail.lu eroflueden.

De Circuit pédestre Schoenfels ass ee vun deene Wanderweeër, e féiert bei d’Hielen, déi am Bësch tëscht Miersch a Keespelt leien.

An de Mamerleeën gëtt et ënnerierdesch! Dësen Hielesystem besteet aus natierleche Sandstee-Grotten a kënschtlechen Tunnellen, déi just ënnert der Uewerfläch ugeluecht goufen. E reecht vun der Huellay-Grott am Süden iwwer dausend Meter a Richtung Miersch, also an den Norden. Vum Claushaff kënnt een ouni Problem zu Fouss dohinner.

  • Liewe wéi en Hobbit: verbréngt eng Nuecht am Champignons-Haus!
© Thierry Dricot / LFT

Zu Useldeng laanscht d’Atert stinn déi 3 Champignonshaiser, déi zum Hotel Peitchelauer gehéieren. Op 19 Quadratmeter gëtt et alles, wat ee brauch: Eng Dusch, Toilette, eng kleng Terrass an eng Schlofkummer, déi iwwer eng Leeder z’erreechen ass.

E réimesche Palais matzen an der klenger Uertschaft Helsem

Et war rengen Zoufall: 1990 sollt en neie Lotissement gebaut ginn, a bei den Aarbechte goufen d’Fundamenter vun enger aler gallo-réimescher Villa fonnt.

Déi al Réimer hu sech et gutt goe gelooss: Eleng um Rez-de-chaussée hate se 50 Raim, a wéi dunn och nach wäertvoll Bijouen, Mënzen, Mosaicker e Keramik fonnt goufen, konnt ee sech virstellen, dass si do am Luxus gelieft hunn.
D’Gebai, dat éischter un e Palais erënnert, war souguer gehëtzt a well och Glasstécker fonnt goufen, kann een doraus schléissen, dass op d’mannst verschiddener vun de Fënstere verglaast waren.

D’Ruine vum Palais kann een d’ganzt Joer duerch kucke goen. De Site läit och um Réimerpad, engem kulturellen an historesche Rondwee, deen dëse Komplex mat anere Sehenswierdegkeeten aus der Réimerzäit verbënnt. Gréng Schëlder mam Buschtaf “R” an enger réimescher Büst mam typesche Lorberkranz weisen Iech de Wee.

  • D’Beie vu Biekerech
© FB Visit Guttland

De Beie-Léierpad “to Bee or not to Bee” ass fir Famillen a Schoulklasse konzipéiert ginn. Op deene verschiddene Statioune kann een alles léieren, wat et iwwert d’Beien ze wësse gëtt.

Wann Dir wëllt sécher sinn, dass Dir op Äre Kanner hir Froe kënnt äntweren, dann huelt Iech eng Broschür fir 2 Euro mat!

  • Déi séierst Waasserrutschbahn an der Groussregioun!
© Reidener Schwemm

Direkt 2 nei Waasserrutsche gëtt et an der Réidener Schwemm. Um “Magic Twice” kënnen 2 Leit a parallellen Tüben eng Course maachen. Den “Turbo Speed” ass déi séierste Waasserrutsch an der Groussregioun an hält, wat den Numm versprécht!

Bannenan bitt d’Réidener Schwemm nieft dem grousse Baseng och e Baseng fir Kanner. Bei schéinem Wieder kann een och dobausse vum Wellebad profitéieren oder et sech op der Wiss an der Terrass gemittlech maachen.

  • De Geheimtipp vum ORT:

Loosst Iech op enger summerlecher Viste Guidée d’Schéinheete vun der Regioun weisen oder plangt en Dagesausfluch am Guttland. Och d’Vëlosfrënn kommen op hir Käschten, op deenen Honnerte vu Kilometere vu Vëlosweeër, déi sech duerch d’Guttland zéien.

Denkt drun: wéinst der Covid-19 Situatioun kënnen et zu all Ament Ännerunge ginn, liest wgl. d’Informatiounen op de respektive Websäiten!

Back to Top
CIM LOGO