DäitschlandEt gëtt ëmmer méi alkoholfräie Béier gebraut

RTL Lëtzebuerg
Am Joer 2021 goufen an Däitschland ronn 411 Millioune Liter alkoholfräie Béier am Wäert vun 358 Milliounen Euro produzéiert.
© Statistisches Bundesamt (Destatis), 2022

Am Joer 2011 waren et just 236 Millioune Liter. Deemno ass dat bannent 10 Joer eng Hausse vu 74,1%.

Och beim Béier-Mix-Gedrénks gouf et eng liicht Hausse. Vun 326 Millioune Liter am Joer 2011 ass een elo bei 403 Millioune Liter am Joer 2021. Dat ass eng Hausse vun 23,6%.

© Statistisches Bundesamt (Destatis), 2022

Am selwechten Zäitraum ass d’Produktioun vun Alkohol-haltegem Béier ëm 13,8% zeréckgaangen.

Back to Top
CIM LOGO