
Dat geet aus den Zuelen ervir, déi d’AGF Videoforschung der Noriichtenagence DPA matgedeelt huet.
Am Normalfall kucke wärend der Prime-Time, tëscht 20 an 23 Auer, op Hellegowend eng 19,6 Millioune Leit eppes op der Tëlee, sou z.B. d’lescht Joer.
Dëst Joer waren et der awer 21,242 Milliounen. Dat si ronn 8% méi wéi zejoert. Aus den Zuele geet ervir, dass virun allem bei de Persounen iwwer 50 Joer eng däitlech Hausse festzestelle war. Dat deit drop hin, dass déi Leit d’Tëlee als Alternativ genotzt hunn, well se wuel vill manner Besuch haten oder manner bei anere Leit invitéiert waren.
Bei de Sendungen, déi am meeschte gekuckt goufen, fënnt ee Filmer wéi “Kevin - Allein zu Haus” oder “Die Feuerzangenbowle”. Ganz beléift war och den “Heiligabend mit Carmen Nebel”, ma och vill Leit hu sech Massen ugekuckt, als Alternativ well se net konnten oder wollten an d’Kierch goen.