
An engem Joer, dat vu Krich, Energiekris, Versuergungs-Problemer an Inflatioun gepräägt war, wier dat eng richteg Reussite, sou de Grënner vum Park, Roland Mack.
Fir 2023 wäerten et awer eng Rei Defie ginn, sou de Mack weider. Nieft klammenden Energiekäschten wier dat awer och de Rekrutement vu Mataarbechter, wat ëmmer schonn zu de gréisseren Erausfuerderunge gehéiert huet.