ÉisträichEx-Kanzler Kurz gouf eng éischte Kéier Papp

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass de Bouf vum fréiere Regierungschef a senger Frëndin Susanne Thier op d'Welt komm.
© Alex Halada / AFP

Wéi dee Klengen heescht, huet d’Koppel allerdéngs net verroden. “Mir sinn iwwerglécklech an dankbar”, war déi éischt Reaktioun vum frëschgebakene Papp op Twitter. Senger Partnerin an dem Këndche géing et gutt goen. Elo freeë si sech op déi wonnerschéin Aufgab, dat éischt Chrëschtdagsfest zu drëtt ze verbréngen.

Am Oktober ass den ÖVP-Politiker jo wéinst ënnert anerem Bestiechungsvirwërf als Bundeskanzler zeréckgetrueden. Mëtt November huet den Nationalrot seng Immunitéit opgehuewen an de Wee fräi gemaach fir weider Ermëttlungen am Korruptiounsfall Kurz.

Back to Top
CIM LOGO