Nei RTL-Serie um 19 AuerFir d'éischte Kéier och mat Versioun op Portugisesch: "Bom Dia Anne"

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg um 19 Auer ass et den éischten Episod vu "Bom Dia Anne" op RTL Tëlee an op RTL Play mam Schwéierpunkt "Lissabon".
Wëllkomm zu Lissabon
Dem Anne seng Rees duerch Portugal fänkt zu Lissabon un. Et gëtt Pastéis de Nata an d’Anne exploréiert der vibranter Haaptstad hir Restaurantszeen.

An där Serie wëll d’Anne Faber (Anne’s Kitchen) duerch Portugal reesen a Land a Leit virstellen an nieft perséinleche Geschichten a wonnerschéine Landschaften och iwwer déi räich gastronomesch Säit beliichten.

Nieft der Lëtzebuerger Versioun ( an der franséischer an englescher op eise Schwëstersitten) ass fir d’éischte Kéier och eng Versioun op Portugisesch disponibel.

Dës Serie leeft iwwer 8 Episoden bis den 20. Mäerz 2025. D’Sendung “Bom Dia Anne” dann ëmmer donneschdes um 19 Auer op RTL.

Back to Top
CIM LOGO