100% NostalgieFisher-Price bréngt säi "Plappertelefon" nees eraus, dat fir Erwuessener

RTL Lëtzebuerg
Deen een oder aneren hat als Kand genee esou en Telefon. Fir de 60. Gebuertsdag vum Telefon kënnt elo eng nei Versioun fir Erwuessener eraus.
© Fisher-Price

A mat dëser Versioun wäert et dann och méiglech sinn, fir tatsächlech domadder ze telefonéieren. Bis elo kann een den “Chatter Telephone” nëmmen an den USA kafen, dat bei Best Buy. Et ass da méiglech säi Smartphone mam Telefon iwwer Bluetooth ze verbannen an dann och iwwert den Hörer ze telefonéieren.

© Fisher-Price

Iwwert d’Wielscheif kann ee leider keng Nummer aginn, och wann sech dat wuel vill Leit géife wënschen. Well den Apparat en Akku huet, kann een de Kannertelefon och iwwerall mathuelen, den Akku soll iwwer 9 Stonnen halen.

Fir ronn 51,50€ kascht de Spaass, wéi gesot, just an den USA am Moment.

Back to Top
CIM LOGO