
Dass den Korske Ara den 19. August ausgesicht huet, fir d’Passioun an d’Konscht vun der Fotografie ze feieren, ass heibäi och keen Zoufall. Esou huet déi franséisch Regierung op dësem Dag am Joer 1839, de sougenannten Daguerreotype patentéiert. Dëse war am selwechte Joer vum Louis-Jacques-Mandé Daguerre erfonnt ginn, a gëllt bis haut als den éischte “Fotoapparat”, deen e “realistesch” Bild konnt festhalen.
Den Internetsite worldphotoday.com gouf 2009 vum australesche Fotograf Korske Ara an d’Welt geruff, an den internationalen Dag vun der Foto gëtt zanter 2010 vu Fotoliibhaber op der ganzer Welt zelebréiert.
Wéinst der Covid-Situatioun gëtt et dëst Joer keng selektiv Galerie op der offizieller Website, mä dat huet d’Fotoliibhaber net dru gehënnert, hir Passioun op de soziale Medien ënnert #worldphotoday ze deelen.