
Déi eenzeg Reegel, déi si sech ginn hat: All Géigestand soll méi wäert si wéi dee virdrun.
An dee Plang ass opgaangen, haut besëtzt d’Demi Skipper en eegent klengt Haus, no nëmmen annerhallwem Joer an 28 Mol tauschen. E Sonndeg huet si de Schlëssel vun hirem neien Doheem zu Clarksville am US-Bundesstaat Tennessee an den Hänn gehalen. Net een eenzegen Cent huet si dofir misse bezuelen!
Si hätt am Virgäertchen ugefaange mat Kräischen, wéi si realiséiert huet, dass de Schlëssel tatsächlech zu deem kleng Haus gehéiert an hir dat gehéiert.
Esou einfach wéi et sech grad hei liest, war et dann awer net. Verschidden Tauschaktioune sinn och emol schif gaangen. Een Tosch ass dem Demi Skipper ganz besonnesch am Kapp bliwwen. Si hat e Mini Cooper géint eng Diamantkette gewiesselt: “Ech hu se op 20.000 Dollar (ronn 17.000 Euro) geschat, awer si huet just 2.500 Dollar kascht.
Ma och dovun huet si sech net ofhale gelooss an dat gouf um Enn jo och belount. Schluss ass awer nach net. Si wëll nach emol déi selwecht Tauschaktioun lancéieren, mam Ënnerscheed, dass si d’Haus wëll verschenken.