
Wéi déi franséisch Lottogesellschaft FDJ en Dënschdeg matgedeelt huet, hunn d’Sans-abrisë mat deem geschenkte Lous tatsächlech gewonnen: 50.000 Euro.
Déi 4 am Alter vu ronn 30 Joer souze virum Lotto-Buttek zu Brest an der Bretagne ze heeschen, wéi e Client hinnen de Billjee, deen hie fir 1 Euro kaf hat, geschenkt huet.
“An et war nawell eng Iwwerraschung fir déi 4 Männer, wéi si erausfonnt hunn, dass si net 5 Euro, mä 50.000 Euro gewonnen hunn”, sou d’Lottogesellschaft. De Gewënn hu si sech gerecht opgedeelt, jidderee krut deemno 12.500 Euro. Dem Porte-parole vun FDJ no hu si nach keng Pläng, wat si mat de Sue maache wëllen - ausser ganz séier d’Stad verloossen.