Tinder fir Gleeweger?Franséische Paschtouer start Dating-Plattform no strikte kathoulesche Reegelen

RTL Lëtzebuerg
Et fänkt scho bei der Umeldung un, well dat kann net jidderee selwer maachen, mä et brauch een d'Empfeelung vun engem Geeschtlechen.

Den Apt Laurent Spriet vu Lyon huet d’Plattform “Navis Fidelis” iwwersat “Treit Schëff” gegrënnt, wou Katholike kënne en Partner fannen, mat deem si sech bestueden an eng Famill grënne kënnen. Fir sech unzemellen, brauch een eng Empfeelung vun engem Geeschtlechen, dee bezeit, datt ee reegelméisseg an d’Kierch geet an e gudde Katholik ass, dee sech bestuede wëll. Der Charta no mussen d’Memberen och reegelméisseg beichte goen an si musse wärend der Zäit vun der Verlobung op sexuell Relatioune verzichten. Donieft dierf een net méi jonk wéi 26 Joer al sinn.

D’Iddi ass net, datt een online säi Wonschpartner ka fannen an dee per Chat uschreiwen. Éischter ass et geduecht, datt d’Membere sech sollen Treffen, fir en Iessen oder Sport, a sech esou ongezwonge Kenneléieren.

Den Apt Spriet huet dann och eng Erklärung, wisou hien dës Plattform a Frankräich start. “Hei liewe 37 Prozent vun den Erwuessenen eleng” sot hien dem “Le Parisien”. An enger moderne Gesellschaft hu een awer ëmmer manner Méiglechkeeten, fir eng Persoun kennenzeléieren. Dowéinst bitt een elo déi richteg Méiglechkeet, fir ee Kennenzeléieren, an net just en Onlinechat, esou de Laurent Spriet weider.

Et gëtt zwar scho chrëschtlech Plattformen, mä keng reng kathoulesch. Ronn 1.000 Membere hu sech scho registréiert.

Back to Top
CIM LOGO