Traureg Nouvelle aus der MoudeweltFranséischen Designer Thierry Mugler am Alter vun 73 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet säin Agent der Noriichtenagence AFP confirméiert.
© MARTIN OUELLET-DIOTTE / AFP

An de 70er-Joren hat de Mugler seng Mark gegrënnt, déi an den 80er d’Moud staark gepräägt hat. A senger Karriär huet hien ënnert anerem d’Stare Lady Gaga, Beyoncé a Kim Kardashian agekleet. Och mat senge Parfumen huet hie sech weltwäit eng Renommée gemaach. Zu de bekanntste Gerécher zielen ënnert anerem “Alien” an “Angel”.

Hie war och Auteur a Regisseur, ënnert anerem fir de Cirque du Soleil.

Back to Top
CIM LOGO