
Den 28 Joer ale Fransous ass e Mëttwoch wärend engem Vol op e Ballon geklommen. Bei enger Héicht vun iwwer 3.637 Meter. Fir dës Héicht gouf sech bewosst entscheet, well se der Telefonsnummer vun enger Spendecampagne entsprécht, zu Gonschte vun enger seelener neuromuskulärer Krankheet.
Wéi et vum Remi Ouvrard sengem Papp heescht, hätt de Ballon eng Maximalhéicht vu 4.016 Meter erreecht. Domat gouf en neie Weltrekord opgestallt.
Dëst war net déi éischte Kéier, dass de couragéise Fransous e Rekord op d’Bee gestallt huet. Virun engem Joer ass hie bei enger Héicht vun 1.217 Meter op engem Ballon balancéiert. An domat net genuch: Hie plangt schonn en neie Weltrekord. Wat hie genee wëlles huet, huet den 28 Joer ale Fransous e Mëttwoch awer net verroden.