
De 34 Joer ale Fransous huet dës Aktioun net just fir de Weltrekord, ma och fir de gudden Zweck gemaach. D’Suen, déi erakommen, ginn un Organisatioun, déi sech fir Kanner mat Kriibs asetzt. “Jidderee konnt fir all Minutt, wou de Romain am Äis sëtzt, een Euro spenden” esou de Chef vun der Oranisatioun Steve de Matos.
Zwee Joer laang huet de Fransous an engem mat Äiswaasser gefëllte Whirlpool an enger 500 Liter grousser Tru trainéiert. den ale Weltrekord huet hien iwwregens ëm bal 40 Minutte gebrach.