"Freeclimbing"Fransouse klammen ouni Sécherung Héichhaus zu Frankfurt erop

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet de Bräich wärend der Kloteraktioun ofgespaart an huet déi zwee Kloterer eng kuerz Zäit drop festgeholl.
Alain Robert escalade un gratte-ciel en bottines
À près de 60 ans, le Spiderman français a escaladé à mains nues et en bottines une tour de 153 mètres dans le quartier d’affaires de Francfort.

A Frankräich ass den Alain Robert bekannt wéi ee bonten Hond. Mat senge geféierleche Kloteraktiounen deet deen 69 Joer ale “Spiderman” ëmmer nees vu sech schwätzen.

Den Dënschdeg huet hien och an Däitschland Schlagzeile gemaach, nodeems hie mam franséische Kloterer Leo Urban op den 153 Meter héijen Tuerm vum “Skyper” zu Frankfurt am Main geklommen ass.

Als “Freeclimber” hunn si allen zwee op Sécherungsseeler verzicht - d’Aktioun war also och deementspriechend illegal. Den Alain Robert hat seng Kloterschong doheem gelooss an ass amplaz a Cowboystiwwelen an engem sëlwerege Kostüm eropgeklommen.

Back to Top
CIM LOGO