
Ënnert anerem huele 75 National-Ekippe mat 400 Käch um internationale Concours deel, fir ëm de “Culinary World Cup” ze kachen.
Am “Restaurant des Nations” hunn d’Visiteuren dann d’Méiglechkeet, d’Plate vun de Nationalekippen zerwéiert ze kréien. D’Umeldunge lafen den nächsten Dënschdeg de 25. Oktober nomëttes un. Seng Plaze fir d’kulinaresch Experienz kann een um Online-Site vun der Expogast reservéieren.
Alles an allem huelen eng 250 Exposanten un der Expogast deel, déi fir d'14. Kéier hei am Land organiséiert gëtt an net nëmme fir e spezialiséierte Public op ass, mä fir jiddereen, dee sech wëll e Bild vun den Trends an der Gastronomie maachen.
