MoudGehéiert d’Joggingsbox mëttlerweil zum Alldags-Gezei?

RTL Lëtzebuerg
“Wien eng Joggingsbox undeet, deen huet d'Kontroll iwwert säi Liewe verluer” huet virun e puer Jore schonn de berüümte Moudedesigner Karl Lagerfeld gesot.
Huet Corona Afloss op d'Moud?
Den Jogging war an der Moudewelt laang net gutt ugesinn, ma lues a lues fënnt en awer och de Wee bei déi méi grouss Labelen.

Ma dëser Meenung schéngt d’Fashionwelt awer net méi ze sinn. Ob Zoufall oder net: Zanter der Pandemie gesäit een ëmmer méi Leit op der Strooss, déi Joggingsboxen a Kaputzepullovere mat anere Kleedungsstécker kombinéieren.

Een Alter, fir sech “casual” ze kleeden, gëtt et net. Et ass een Trend, deen ëmmer méi Leit begeeschtert. Vun Talleke Schong op Sneakers, steiwe Jeans op Stretch an enker Blusen op Kaputzen-Pullover, bequem Stoffer a wäit Schnëtter sinn ugesot.

Ma Hoodien a Leggings fënnt ee scho méi laang an de Butteker. An de leschte Méint hunn awer och ëmmer méi Joggingen de Wee bis op de Bigel fonnt, an dat och bei klassesche Marken.

D’Fro stellt sech: Huet de Jogging der Pandemie säin aktuelle Succès ze verdanken? An ass d’Joggingsbox gëeegent fir op de Büro? D’Fashion-Buyer Chantal Rizzi (Bram) an d’Moude-Journalistin Valéria Wiwinius (RTL) klären op.

Back to Top
CIM LOGO