Fir en neie FilmGeorge Clooney no Extrem-Regime am Spidol gelant

RTL Lëtzebuerg
Fir säin neiste Film "Midnight Sky" huet den George Clooney bannent kuerzer Zäit 13 Kilo ofgeholl. Ze séier fir säi Kierper, den Acteur koum an d'Spidol.
© AFP Archivbild

Fir seng Roll am “Midnight Sky”, bei deem hien och d’Regie hat, ass den Hollywood-Star e bëssen ze wäit gaangen. Hien huet esou séier ofgeholl, dass hie mat enger Entzündung vun der Bauchspeicheldrüs fir e puer Deeg huet missen an e Spidol.

Bal 13 Kilo soll den George Clooney ofgeholl hunn, esou séier wéi méiglech. Dobäi hätt hie wuel net gutt genuch opgepasst, heescht et an der brittescher “Daily Mirror”. Duerno hätt hien e puer Woche gebraucht, fir nees fit ze sinn.

Ma net nëmmen d’Gesondheet hätt gelidden. Dem George Clooney seng Fra Amal war alles anescht wéi begeeschtert vum Baart, dee fir d’Roll huet misse wuessen. Säi Jong hätt d’Hoer am Gesiicht awer immens gär gehat. Den 3 Joer alen Alexander hätt Saachen dra verstoppt, déi de Schauspiller duerno op der Aarbecht entdeckt hätt, zum Beispill eng Lutsch. D’Zwillingsschwëster Ella wéi och seng Fra wieren ëmsou méi frou gewiescht, wéi de Baart nees fort war.

Back to Top
CIM LOGO